
Aktuell sinn 198 Patienten hospitaliséiert, dovunner 40 op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.118 aktiv Infektiounen, 13.913 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,82. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.