
Op der Uklo-Bänk sëtzt e 60 Joer ale Mann, deen 2017 ënnert anerem an engem Kino-Komplex um Kierchbierg an a Supermarchéen ugeruff hat a behaapt hat, hien hätt Bomme geluecht. Deen Ament souz hien am Prisong zu Nanzeg.
5 Joer feste Prisong goufe vum Parquet gefuerdert an déi geschiedegt Butteker oder Betriber fuerderen héich Entschiedegungen. D’Urteel ass fir den 21. Januar.