Coronavirus zu Lëtzebuerg5 Mënsche gestuerwen, vun 11.237 Tester waren der 625 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 5 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn et elo 339 Doudeger.

Aktuell sinn 201 (-9) Patienten hospitaliséiert, dovunner 41 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 8.734 aktiv Infektiounen, 27.356 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

https://download.data.public.lu/resources/covid-19-rapports-journaliers/20201203-172128/coronavirus-rapport-journalier-03122020.pdf

Back to Top
CIM LOGO