Coronavirus zu Lëtzebuerg5 Mënsche gestuerwen, vun 15.372 Tester waren der 400 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt 5 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn elo zu Lëtzebuerg 458  Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.

Aktuell sinn 192 (-1) Patienten hospitaliséiert, dovunner 40 (+1) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,86 . Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO