Petitiounskommissioun5 nei Petitioune goufen ugeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Petitiounskommissioun vun der Chamber huet e Mëttwoch 5 nei Petitiounen ugeholl, déi an den nächste Woche fir Ënnerschrëften opginn.
© Archiv

Ee Petitionär freet, datt d'Transparenz um Immobiliëmarché verbessert gëtt andeems d'Verkafspräisser an d'Datumer vun den Transaktioune verëffentlecht ginn.

An enger anerer geet et ëm d'Rekrutementsprozedur an d'Modalitéite bei der Police an de Gruppen A1 an A2.

Eng aner ëffentlech Petitioun fuerdert en Zeréck bei deen alen Adapto-System.

Da wëll e Petitionär erreechen, datt net nëmmen op de Bus-, Zuch- an Tramsarrêten, mä och an ënnerierdesche Passagen respektiv a Sous-Terrainen en allgemengt Fëmmverbuet kënnt.

Wéi gesot goufen dës Petitiounen e Mëttwoch de Moie vun den zoustännegen Deputéierten ugeholl a kënnen dann an den nächste Wochen um Site vun der Chamber consultéiert an ënnerschriwwe ginn. Eng ëffentlech Petitioun gëtt jo an der Plenière debattéiert, wa se op d'mannst 4.500 Ënnerschrëften zesumme kritt.

Back to Top
CIM LOGO