Police5 Permise wéinst Alkohol respektiv Drogen hannert dem Steier agezunn

RTL Lëtzebuerg
Zwee Mol zu Esch, eng Kéier zu Mamer, Schrondweiler an an der Stad hunn d'Poliziste misste an de Stroosseverkéier agräifen.

Zu Mamer an der Arelerstrooss, op der Héicht vun der Opfaart fir op d’Autobunn, huet eng Patrull vun der Police an der Nuecht en Auto virfonnt, bei deem déi véier Winkeren u waren. E genaue Bléck huet gewisen, datt vir e Pneu an eng Felge futti waren. D’Beamte hu beim Chauffer geroch, datt dee wuel Alkohol gedronk soll hunn, wat de Test confirméiert huet. De Permis gouf provisoresch agezunn.

Kuerz viru véier Auer hu Beamten um Boulevard Prince Henri zu Esch en Automobilist gestoppt, dee bal an de Policewon gerannt war. Beim Chauffer goufen en Alkohol- an Drogentest gemaach, déi béid positiv waren. Blutt- an Urinprouf goufen am Spidol duerchgefouert. Well de Mann de Permis scho verluer hat an den Auto net richteg verséchert war, huet de Parquet de Won saiséiere gelooss. Scho puer Stonne virdrun hat déi Escher Police eng Automobilistin aus dem Verkéier gezunn, déi a Schlaangelinnen iwwert de Boulevard Kennedy gefuer war.

Vu Schrondweiler a Richtung Steeën war géint 3.30 Auer e Chauffer bei engem Accident liicht blesséiert ginn. Well den Alkoholtest awer positiv war, gouf de Permis provisoresch agezunn.

An der Stad war en Auto bei enger rouder Luucht no hanne gefuer an an e Bus gerannt, deen hannert him stoung. Dat war géint 1.30 Auer an der Hollerecherstrooss. Bei der Aktioun gouf kee blesséiert, ma de Permis vum Autofuerer gouf wéinst Alkohol um Steier agezunn.

Back to Top
CIM LOGO