Coronavirus zu Lëtzebuerg5 weider Mënsche gestuerwen, bei 653 Tester waren der 37 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 557 läit.
© RTL

Aktuell sinn 88 (-2) Patienten hospitaliséiert, dovunner 20 (+2) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO