Impfcampagne550 Leit an Zenteren am Asaz

Roy Grotz
Wann Ugangs Mäerz déi zweet Phas vun der Covid-Impfcampagne ufänkt, ass et un engem Dokter ze decidéieren, op eng Persoun ka geimpft ginn oder net.

Den Dokter decidéiert an all Fall och, wéi e Vaccin de Patient kritt. Aktuell gi vun de mobillen Ekippen an de Cipaen a Fleegeheemer de Vaccin vu Pfizer/BionTech verimpft, wëll den Transport vum Moderna-Vaccin méi komplex ass.

Am Fall, wou an der Phas 2 e Patient säi Rendez-vous hëlt, kritt hien der Ministesch Paulette Lenert no ewell direkt gesot, a wéi enge Fäll ee besser hätt och nach mam Hausdokter ze schwätzen. Egal wéi, dréit den Dokter deen d'Vaccinatioun verschreift och d'Verantwortung fir dësen medezineschen Akt an decidéiert och, wéi eng Zort Vaccin gesprëtzt gëtt.

Wat d'Zuel vu spezialiséierte Leit ugeet, déi an de Vaccinatiounszenteren aktiv sinn oder ginn, sou ass d'Resonanz relativ grouss: 51 Infirmieren an iwwer 500 Dokteren hu sech gemellt. Et hänkt natierlech vun der Zuel vu geliwwerte Vaccinen of, wéi vill Leit dann effektiv mussen an den Zenteren an den Asaz fir z'impfen.

Dës Indikatioune gëtt d'Gesondheetsministesch op parlamentaresch Froe vun de Piraten-Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen.

PDF: Äntwert op d'parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO