Grouss Verkéierskontroll zu Gaasperech58 Mol gouf sech net un de Code de la route gehalen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de 25. Mee hat d'Police iwwer Mëtteg eng gréisser Verkéierskontroll zu Gaasperech gemaach, an déi war net vu Muttwëll.
© Domingos Oliveira / RTL-Archiv

An 39 Fäll gouf sech net un d’Vitesslimitatioun vu 50 km/h gehalen. Dowéinst goufen et:

- 18 Protokoller vun 49 € (- dépassement étant inférieur ou égal à 15 km/h)
- 21 Protokoller vun 145 € a 2 Punkten (- dépassement étant supérieur à 15 km/h).

2 Automobiliste goufe protokolléiert, well se iwwer 50% vun der erlaabter Vitess méi séier waren.

Deier gouf et dann och nach fir 2 Automobilisten, déi wärend dem Fueren den Handy genotzt hunn, grad ewéi een, deen net ugestréckt war. Fir si heescht et 145 € an 2 Punkten ofginn.

Do dernieft sinn aner Chaufferen opgefall, well se z.B. keng Sécherheetsveste dobäi haten, d’Luuchten oder d’Pneuen net an der Rei waren. An 10 Fäll haten d’Chaufferen net déi obligatoresch Pabeieren dobäi, wat mat all Kéiers 24€ bestrooft gouf.

Et waren 12 Policebeamte bei där Kontroll am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO