Iwwert de Weekend595 Corona-Infektioune bei 2.659 PCR-Tester, 5 weider Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm fënnef op elo 1.144 geklommen ass.
© RTL-Archivbild

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 33 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend si fënnef Persounen a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.291.413 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 4,77 Prozent. Vu 419 PCR-Tester waren der e Sonndeg 20 positiv. E Samschdeg goufen 240 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 335.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO