
Wéi d'Santé an engem Communiqué schreift, wier eng Persoun aus den USA an déi aner aus der Schwäiz erëmkomm.
Am ganzen si bis en Dënschdeg den Owend elo 76 Leit hei am Land a Quarantän.
E Mëttwoch ass hei zu Lëtzebuerg en exzeptionelle Regierungsrot an e Briefing Mëttes um 15 Auer.
Wie sech iwwert de Coronavirus informéiere wëll, kann dat iwwert d'Hotline 8002 8080 maachen oder iwwert den Internetsite vum Gouvernement. Wann ee sollt mengen, Symptomer ze hunn, an ee grad aus enger Risikoregioun zeréck heem koum, soll een net bei den Dokter oder an d'Urgence goen, mä d'Hotline uruffen. Well ee soss aner Persoune kéint mam Coronavirus ustiechen.
En Dënschdeg den Owend ass iwwerdeems och de virtuelle Sommet vun den EU Staats- a Regierungscheffen no gutt 2 an enger hallwer Stonn op en Enn gaangen op där iwwert déi verschäerfte Situatioun berode ginn ass.
De franséische President Emmanuel Macron huet dono getwittert datt Europa alles maache misst wat op gesondheetlechem a wirtschaftlechem Gebitt néideg ass. Wat de Coronavirus ugeet, dierft ee keng Plaz fir Spekulatiounen an Instabilitéit loossen, huet de Macron verlaangt. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet seng Amtskolleegen dozou opgeruff, national Mesuren ze koordinéieren.
Et goufe 4 Prioritéite festgehal:
D'Ausbreede vum Virus sou gutt et nemme geet ze limitéieren,
d'Recherche promouvéieren,
medezinescht Equipement sécheren,
an sozio-ekonomesche Konsequenzen entgéintwierken.
Sou soll der Wirtschaft, déi ënnert dem Virus leit, och mat 25 Milliarden € gehollef ginn. D'Sue kéimen aus de Strukturfongen a géifen séier fléissen, sot d'Kommissiounscheffin Ursula Von der Leyen. D'EU wëll domat ënnert anerem de Gesondheetssecteur, den Aarbechtsmarché a kleng a mëttel Betriber ënnerstëtzen.
Duerch de Coronavirus wëllen ewell ëmmer méi Betriber op Kuerzaarbecht zeréckgräifen. Eréischt leschten Donneschdeg hat d’Regierung jo annoncéiert, concernéiert Firme wëllen ze ënnerstëtzen. Zanterdeem wieren dem Lëtzebuerger Wort no scho 36 Demanden erakomm op chômage partiel.
Déi zoustänneg Kommissioun kënnt eréischt den 23. Mäerz beieneen, sou dass nach weider Ufroe kéinten derbäi kommen.

COVID-19 au Luxembourg: 6e et 7e cas (10.03.2020)
Communiqué par: ministère de la SantéLa Direction de la santé informe qu'un sixième et un septième cas infectés avec le coronavirus COVID-19 ont été diagnostiqués aujourd'hui. La sixième personne a séjourné aux Etats-Unis et la septième revient de Suisse.
Les personnes concernées sont prises en charge selon la procédure habituelle. Actuellement, la progression du virus diffère de celle des pays avoisinants, car jusqu'ici, toutes les personnes diagnostiquées au Luxembourg ont été contaminées à l'étranger.
La Direction de la santé continuera à informer le public de manière régulière.
Le public est invité à consulter la FAQ disponible sur le site www.gouvernement.lu/coronavirus pour les renseignements d'ordre général et les gestes de prévention à adopter ou d'appeler la hotline sous le numéro 8002 8080.
Le gouvernement tient à rappeler que les personnes présentant des symptômes d'une infection (toux, fièvre ou problèmes respiratoires) et rentrant d'une zone à risques, ne doivent pas se rendre chez le médecin ou aux urgences, mais sont censées appeler le 8002 8080 ou, en cas d'urgence, le 112. Finalement, elles sont appelées à ne pas rendre visite à des personnes vulnérables.