
Den Accident war op der Kräizung tëscht der N7 an der Marbuergerstrooss. Do geschéien ëmmer nees méi oder manner schwéier Accidenter.
Artikel vum 27. Mee 2019: Frontalkollisioun zu Maarnech op Kräizung, Héicht vum ShoppingzenterD'Ambulanze vun Housen, Ëlwen an Dikrech waren op der Plaz, grad ewéi de Samu vun Ettelbréck an d'Pompjeeë vu Klierf. 3 Persoune goufe wéi gesot blesséiert, wéi schlëmm ass aus dem Bulletin vum CGDIS net erauszeliesen.
Géint 7.20 Auer gouf et op der N1 tëscht Gréiwemaacher a Mäertert eng Kollisioun tëscht 2 Autoen, bei deem 2 Persoune verwonnt goufen. Zwou Ambulanze vu Mäertert waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Gréiwemaacher-Mäertert.
Kuerz virdru gouf et tëscht Bäerdref an dem Grondhaff en Accident, bei deem en Auto op der Kopp gelant ass. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Bäerdref an Iechternach waren am Asaz, grad wéi d'Ambulanz vun Iechternach.