Schwéier BlesséiertenFrontalkollisioun zu Maarnech op Kräizung, Héicht vum Shoppingzenter

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie war et eng Frontalkollisioun zu Maarnech op der Héicht vum Shoppingzenter tëscht 2 Autoen.
© Domingos Oliveira / RTL

Den Accident war kuerz no 7 Auer op der Marbuergerstrooss. Ee vun de Chauffere gouf beim Accident uerg verwonnt, deen anere liicht blesséiert.

Am Asaz waren d'Ambulanze vu Wolz an Ëlwen, de Samu vun Ettelbréck, grad wéi d'Pompjeescorpse vu Klierf, Housen an Ettelbréck.

Um Sennengerbierg gouf et an der route de Trèves um 8.30 Auer en Accident tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf blesséiert. De Samu an d'Ambulanz aus der Stad, grad wéi d'Asazzenteren aus der Stad, vun Nidderaanwen a Sandweiler waren op der Plaz.

Tëscht dem Sennengerbierg a Senneng gouf et géint 9.30 Auto dann nach en Accident tëscht 2 Gefierer. D'Ambulanze vu Jonglënster an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen waren am Asaz. 2 Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO