CGDIS6 Blesséierter bei 3 Accidenter vun e Freideg op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Lëpschent an der Giewelsmillen ass e Freideg den Owend géint 20.12 Auer en Auto accidentéiert. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

D'Pompjeeë vu Buerschent an d'Ambulanz vun Housen waren op der Plaz.

Géint 21.30 Auer da gouf et op der A13 Richtung Schengen, tëscht Käl a Biereng eng Kollisioun tëscht 2 Autoen.  D'Ambulanze vu Beetebuerg an Diddeleng hu sech ëm déi 2 Blesséiert gekëmmert. Des weidere waren d'Pompjeeë vun Esch a Käl op der Plaz.

Kuerz virun 2 Auer um Samschdeg de Moien da gouf et zu Dikrech an der rue Joseph Merten en Accident mat 2 Gefierer. Heibäi goufen 3 Persoune verwonnt. D'Pompjeeë vun Dikrech goufen an den Asaz geruff, grad ewéi d'Ambulanze vun Ettelbréck an der Fiels.

Kuerz no 21 Auer e Freideg den Owend gouf et dann nach e Feier an engem Appartement zu Waarken an der rue de Welscheid. Hei blouf et beim Materialschued. D'Pompjeeë vun Dikrech, Ettelbréck an Angelduerf waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Ettelbréck.

Back to Top
CIM LOGO