CGDIS6 Blesséierter bei 5 Accidenter uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg gouf et eng ganz Rei Accidenter op eise Stroossen.
© CGDIS

Géint 21.30 Auer e Samschdeg den Owend ass zu Déifferdeng een Auto an eng Mauer gerannt. 3 Persoune goufen dobäi blesséiert.

Zu Waasserbëlleg an tëscht Käerjeng a Péiteng goufen et 2 Accidenter mat jeeweils 2 Gefierer, déi net laanschtenee koumen. Dobäi gouf och jeeweils eng Persoun blesséiert.

Och zu Esch sinn 2 Autoen anenee gerannt, do blouf et beim Materialschued.

Kuerz virun 2 Auer e Sonndeg ass een Auto zu Esch an eng Bréck gerannt. Och do gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO