CGDIS6 Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf eng Persoun zu Gréiwemaacher vun engem Auto iwwersinn an ugestouss.

Op der Houschter Déckt krut en Auto e Luuchtepotto ze paken, hei goufen 2 Persoune blesséiert.

Da goufen et 2 Virfäll, bei deene Persoune mam Moto gefall sinn, dat eemol zu Iechternach an eemol op der RN12 bei Eschduerf. Hei goufen am Ganzen 3 Persoune blesséiert.

An zu Gréiwemaacher huet en Automobilist e Foussgänger ugestouss. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO