CGDIS6 Blesséierter no Accidenter op der A4 an op der A6

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend géint 18.15 Auer hat et op der Héicht vu Lankelz gerabbelt. 2 Autoe waren am Coup an 3 Persoune goufen dobäi blesséiert.

Kuerz duerno um 19 Auer gouf nach eng Persoun zu Suessem an der Escher Strooss ugestouss a blesséiert. De SAMU huet hei mussen an den Asaz.

Zu Luerenzweiler an der Rue de la Vallée huet e Sonndeg um 3.15 Auer een Auto ugefaangen mat brennen. Et blouf beim Materialschued.

E Sonndeg de Moie géint 9.40 Auer sinn op der A6 Richtung Stad tëscht Capellen an dem Briddel zwee Autoen an eng Camionnette an den Accident verwéckelt gewiescht. 3 Persoune goufe blesséiert.

Accident mat zwee Blesséierten gouf et dann nach e Sonndeg am Nomëtteg ëm 16.45 Auer op der RN15 tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach. Zwee Ween waren dran involvéiert. Eng Ambulanz vu Clierf an eng vu Wolz waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO