CGDIS6 Blesséierter op de Stroossen uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
Bei Verkéiersaccidenter e Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg sinn am ganze 6 Persoune blesséiert ginn, mellt den 112 de Samschdeg de Moien.

D’Accidenter waren zu Helsem, Dasbuerger Bréck, Hesper, op der Collectrice du Sud op der Héicht vu Suessem, zu Esch an op der Tréierer Autobunn Héicht Kierchbierg. Zweemol war och de Samusdokter op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO