
E Sonndeg den Owend um 17 Auer koum et op der N23 zu engem Accident mat zwee Motorrieder. Zwou Persoune si blesséiert ginn. Ronn eng hallef Stonn méi spéit krute sech och um CR116 tëscht Useldeng a Schandel zwee Motorrieder ze paken. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt. Kuerz virun 19 Auer e Sonndeg sinn zu Bettel an der Veianer Strooss zwee Autoen accidentéiert. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.
E Méindeg de Moien ass op der A4 a Richtung Esch an der Sortie Steebrécken en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt a gouf blesséiert. Géint 6 Auer e Méindeg krut zu Uewerkäerjeng an der Avenue de Luxembourg e Motocyclist e Wëllschwäin ze paken. De CGDIS mellt ee Verwonnten.