Coronavirus zu Lëtzebuerg6 Doudeger bäikomm op elo 177, vun 11.981 Tester waren der 803 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 6 op elo 177 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 215 (-10) Patienten hospitaliséiert, dovunner 36 (+6) op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.451 aktiv Infektiounen, 11.519 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO