
6 Joer Prisong mat Sursis gouf et fir den Ugekloten. Donieft muss hien dem Affer 5.000 Euro Schuedenersatz bezuelen. Hie krut virgehäit, am Oktober 2018 zu Näerzeng e Meedche vun du 14 Joer vergewaltegt ze hunn. Speziell un dëser Affär war, dass de Mann en intellektuellen Handicap huet. Et gouf dann och eng Verännerung vum Urteelsverméigen zréckbehalen.