Coronavirus zu Lëtzebuerg6 Mënsche gestuerwen, vun 11.110 Tester waren der 588 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt 6 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.

Am Ganze sinn et elo 345 Doudeger.

Aktuell sinn 193 (-8) Patienten hospitaliséiert, dovunner 41 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 8.643 aktiv Infektiounen, 28.029 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO