Coronavirus zu Lëtzebuerg6 Mënsche gestuerwen, vun 8.850 Tester waren der 326 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt 6 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL Archivbild

Am Ganze sinn elo zu Lëtzebuerg 495 Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.

Aktuell sinn 147 (-10) Patienten hospitaliséiert, dovunner 31 (-1) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,75. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO