CGDISZwee Blesséierter no Accidenter am Laf vun e Sonndegowend

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndegnomëtteg bis an den Owend eran hunn d'Secouriste vum CGDIS op ënnerschiddleche Plazen am Land missen intervenéieren.
© Laurent Weber

Kuerz viru 17 Auer waren an der Rue Pierre Frieden zu Déifferdeng zwee Autoen aneneegerannt an eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren d'Secouriste vun Esch a Suessem-Déifferdeng.

D'Rettungsekippe vu Miersch a Béiwen-Atert sinn géint 18:45 Auer op d'Areler Strooss zu Bruch geruff ginn, nodeems hei en Auto an eng Mauer gerannt ass. Blesséiert gouf awer keen.

E weidere Blesséierte gouf et dann awer nach géint 22:40 Auer um CR178 tëschent Zolwer a Lampech, wéi hei an Auto accidentéiert war. D'Secouriste vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO