
6 nei Petitiounen kann ee vun elo un um Site vun der Chamber ënnerschreiwen.
Freedefeier soll komplett am Land verbuede ginn.
Méi flexibel Ouvertureszäiten am Commerce gi gefuerdert.
E Congé parental vun 9 Méint ass eng Propos.
Fir manner laang Waardezäite fir eng Mammographie gëtt sech agesat. Méi Busspuere ronderëm d’Stater Gare ass eng weider Fuerderung an eng Opwäertung vum Meeschter-Titel.
Wéi ëmmer gëllt, wa 4.500 Ënnerschrëften zesummekommen, kënnt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber. Dës Petitioune kann ee bis den 30. Juni ënnerschreiwen, op petitiounen.lu.
D’Petitioun, déi sech fir de Remboursement vun de Rechnunge beim Psycholog asetzt, huet wéi et schéngt schonn déi néideg Ënnerschrëfte kritt. Dat muss awer nach alles iwwerpréift ginn, d’Petitioun leeft awer och nach 21 Deeg.