An der internationaler Schoul zu Déifferdeng ginn d’Kanner an 3 Klassen empfaangen. Virop sollen d’Schüler besser am Englesche ginn, ma de Kontext, aus deem d’Kanner kommen, ass net esou einfach.
- Zakhar, 12 Joer:
Ech sinn aus der Ukrain, aus Butscha, bei Kiew. Mäi Numm ass Zakhar an hunn 12 Joer.
Wann e Bouf vun 12 Joer mir seet, ech si vu Butscha, hunn ech d’Biller vun enger zerstéierter Stad am Kapp. Zanter zwee Méint lieft den Zakhar mat senger Mam a sengem Brudder an engem Hotel zu Lëtzebuerg. De Papp ass den Ament am Süde vun der Ukrain.
Ech ruffen hien all Owend un a schwätze mat him …
An der International School zu Déifferdeng sinn den Ament eng 60 ukrainesch Flüchtlingen an der Schoul. D’Kanner sinn an 3 Klassen agestuuft, jee no Alter. Eng Bezuchspersoun, déi ukrainesch kann, soll eng Integratioun méiglech maachen.
- Tetiana Danylchuk, lieft zanter August zu Lëtzebuerg:
D’Haaptzil vun der Schoul wier et, de Kanner englesch bäizebréngen, et géif een dovun ausgoen, dat nom Krich e groussen Deel nees zréck an d’Heemescht wëll goen.
- Gérard Zens, Direkter vun der internationaler Schoul Déifferdeng:
D’Kanner, déi mir haut getraff hunn, si frou zu Lëtzebuerg ze sinn, hoffen awer och nees kënne séier Heem ze goen. D’Solidaritéit géifen d’ukrainesch Famillje spieren.