Statec-Etüd iwwer Tourismus65% vu Corona-bedéngten Annulatiounen hate kee finanziellen Impakt op d'Stéit

RTL Lëtzebuerg
Der neier Etüd vum Statec no hu bal d'Hallschent vun de Stéit zu Lëtzebuerg op d'mannst eng touristesch Rees wéinst der Pandemie annuléiert.

A 59% vun de Fäll wieren och scho Sue virgestreckt ginn.

Bis Mëtt Juni wieren 89% entschiedegt ginn, entweder duerch Remboursementer, duerch Akafsbongen oder duerch d'Verleeë vun der Rees. A 36% vun de Fäll wieren déi komplett Fraise rembourséiert ginn, an 29% vun de Fäll wier d'Rees ersat oder verluecht ginn an a 14% vun de Fäll wier nëmmen en Deel vun de Fraise rembourséiert ginn.

Bei annuléierte Reesen, fir déi d'Clienten net entschiedegt goufen, koum nëmmen an 2% vun de Fäll eng Assurance dofir op. Quasi d'Hallschent vun de Leit hunn an deem Fall d'Käschte selwer gedroen, bei där anerer Hallschent war den Dossier nach net ofgeschloss, esou de Statec.

D'Statistik-Institut kuckt dann och zréck op d'Reesgewunnechte vun de Lëtzebuerger Residenten zejoert. 79% vun de Residente sinn am Summer 2019 op d'mannst 1 mol an d'Vakanz gefuer, 99% vun de Reese waren an d'Ausland. Déi beléiftsten Destinatioune sinn d'Nopeschlänner: Frankräich, Däitschland an d'Belsch hunn zesummen 43% vun den Touristen empfaangen.

Extrait aus dem Communiqué
Extrait aus dem Communiqué
© STATEC

Dat géif awer net heeschen, datt d'Lëtzebuerger no bäi an d'Vakanz wéilte goen, schreift de Statec, déi beléiftsten Destinatiounen a Frankräich, an zum Deel och an Däitschland, wiere geographesch wäit fort vu Lëtzebuerg. Vakanze baussent Europa bleiwe rar, si stelle 6% vun de Sejouren, awer 11% vun den Iwwernuechtungen duer.

2019 ware 24% vun de Residente bei d'Elteren oder bei Frënn an d'Vakanz, all 10. war an eng 2. Residenz baussent Lëtzebuerg. De Statec geet dovunner aus, datt déi Tendenze sech dëst Joer wéinst der Kris verstäerke wäerten.

© STATEC

Am Summer 2019 si 40% vun de Leit mam Fliger an d'Vakanz geflunn, hei erwaart de Statec sech dëst Joer eng kloer Baisse. Zejoert war de Fliger nach dat 2. beléiftsten Transportmëttel, am meeschte Leit si mam Auto an d'Vakanz gefuer.

© STATEC

Statec-Etüd iwwer Tourismus / Reportage Chris Meisch

Schreiwes vum STATEC

Back to Top
CIM LOGO