
Géint 6.30 Auer de Moie krute sech zwee Automobilisten op der A13 a Richtung Schengen ze packen. Hei goufe véier Persoune blesséiert, déi vun de Rettungsdéngschter vu Péiteng, Esch a Suessem versuergt goufen.
Op der B7 tëscht Angelduerf an dem Fridhaff koum et da géint 8.20 Auer zu enger Kollisioun tëscht enger Rëtsch Autoen. Déi dräi Blesséierter goufe vun de Rettungsdéngschter vun Ettelbréck, Dikrech an der Fiels versuergt.