CGDIS7 Blesséierter bei Accident op der A3

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie géint 5.35 Auer koum et op der Diddelenger Autobunn Richtung Stad zu engem Accident, bei deem 7 Persoune blesséiert goufen.
© RTL-Archiv

Dat mellt de CGDIS.

Duerch deen Accident gouf et am Beruffstrafic nawell zolitte Chaos an de Stau ass bis op Diddenuewen zeréckgaangen.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg, grad wéi zwou Ambulanze vun Diddeleng, eng vun Esch , eng vu Suessem-Déifferdeng an eng aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO