
Op Uerder vum Parquet gouf tëscht 22.45 owes an 3.00 Auer moies eng Alkoholkontroll zu Ettelbréck, Dikrech an op der Houschter-Déckt gemaach. Am Ganze goufe 606 Automobiliste kontrolléiert, 14 Mol ass den Alkoholtest positiv ausgefall. 7 Persoune hunn op der Plaz missten eng Strof bezuelen, 4 Fuerer hunn hire Führerschäin nach op der Plaz missen ofginn.
Zu Boufer an an der Stad (Rue de Prague a Rue de Hamm) waren 3 Chaufferen trotz Fuerverbuet mam Auto ënnerwee, zwee dovu sinn ënner Alkoholafloss gefuer.
Och zu Dikrech gouf e Mann protokolléiert a krut de Führerschäin ofgeholl. Hien ass mat sengem Gefier mat 2 aneren Autoe kollidéiert an huet doropshi Fahrerflucht begaangen.
Zwee weider Virfäll am Zesummenhang mat Alkohol goufen et um Kierchbierg an an der Stad an der Rue de Bouillon. A béide Fäll hunn déi betraffe Leit de Führerschäi missen ofginn.