
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si siwe Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 976.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 1.437 positiv Fäll bei 6.925 Tester. E Freideg goufen 751 Persoune positiv getest, e Samschdeg waren et der 671. 15 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert.
E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 4,99 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 1,32 op 100.000.
Den Ament sinn 63 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.254.229 Impf-Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,51. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.