EU-Most Wanted7 Joer Prisong fir e Mann, dat wéinst brutalem Iwwerfall am Joer 2015

RTL Lëtzebuerg
2 Mat-Täter waren am Virfeld schonn verurteelt ginn...
© RTL Archiv

Um Stater Geriicht ass en Donneschdeg e Mann zu 7 Joer Prisong, dovunner der 3 op Sursis verurteelt ginn, deen eng Zäit zu den am meeschte gesichte Leit an Europa gezielt huet.

Hien soll mat-responsabel gewiescht si fir e brutalen Iwwerfall op eng eeler Koppel zu Senneng, am Juli 2015. 2 Mat-Täter waren am Virfeld scho verurteelt ginn.

Well hien sech, kuerz ier d’Police déi 3 Täter bei Metz wollt festhuelen, ewech konnt maachen, stoung hie vun Dezember 2016 bis Juli 2019 op der europäescher „Most wanted“ Lëscht. Déi 3 Täter mussen de Riichter no, och e Schuedenersatz an Héicht vu bal enger hallwer Millioun Euro bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO