
Eng weider Petitioun setzt sech fir d'Schafe vun enger offizieller virtueller Plattform an, fir de Lien tëscht de Bierger an den offiziellen Institutiounen ze verbesseren.
Ee Petitionär fuerdert eng nei Legislatioun, déi Sécherheetsleit a Portiere soll forcéieren, an Zukunft wärend hirer Aarbechtszäit een Identitéit-Badge unzehunn.
Keesenziedel a Geschäfter sollen an Zukunft nach just op Demande vum Client ausgedréckt ginn, sou steet et an enger weiderer Petitioun formuléiert.
Gefuerdert gëtt och d'Aféiere vun der Steierklass 2 fir Elengerzéier an et soll ee speziellen Institut fir d'Aussen- a Sécherheetspolitik vum Land agefouert ginn, nom däitsche Modell vun der "Stiftung Wissenschaft und Politik".
Déi eenzel Petitioune kënne bis den 19. August online um Internetsite vun der Chamber ënnerschriwwe ginn. Wann eng Petitioun méi wéi 4.500 Ënnerschrëften zesummekritt, um elektroneschen am schrëftleche Wee zesummen, gëtt se wärend engem ëffentlechen Debat an der Chamber diskutéiert.
En Donneschdeg de Moien zitt iwwregens d'Presidentin vun der parlamentarescher Petitiounskommissioun Bilan vun der Sessioun 2018-2019.