Wunnquartier ronderëm ale Stadion7 Projete goufen zeréckbehalen

Pit Everling
D’Planunge fir den zukünftege Quartier beim haitege Stadion Josy Barthel ginn an eng nächst Phas.
Wunnquartier ronderëm den ale Stadium
D’Planunge fir den zukünftege Quartier beim haitege Stadion Josy Barthel ginn an eng nächst Phas.

Wou haut nach de Stadion, d'Tennisterrainen, d'Pompjeeskasären oder nach de Service d'hygiène vun der Stad hiert doheem hunn, entsteet an Zukunft e groussen neie Quartier.

D’Planunge fir den zukünftege Quartier op der Areler Strooss ginn an déi nächst Phas. E Jury, deen aus 17 Membere besteet, huet elo eng éischt Selektioun gemaach. Zejoert am Mee war eng international Ausschreiwung gemaach ginn. 35 Projete koumen eran a 7 dovunner goufen elo zeréck behalen.

Déi nächst zwou Woche kritt elo de Public e Wiertche matzeschwätzen. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet dat en Dënschdeg de Moien annoncéiert.

D'Lydie Polfer iwwert de neie Quartier

Et ass bis de Februar op fir d’Participation citoyenne. Bei all Projet läit e Pabeier. D’Leit kënnen dorop schreiwen, wat si gutt fannen a wat si net gutt fannen.

De Jury huet op de Panneauen am Biergerzenter och dobäi geschriwwen, wou a sengen Aen d'Stäerkten an d'Schwächte vun de Projete sinn.

De Laurent Langer, Urbanist bei der Stater Gemeng, beschreift ee vun de Projeten: "Deen hei Projet huet zum Beispill eng grouss Mixitéit vu Formen, eng flott Zentralitéit mat enger Quartiersplaz, déi fir de ganze Belair kéint funktionéieren."

De Laurent Langer, Urbanist bei der Stater Gemeng

D'Doleancë vum Jury a vum Public gi weider gereecht an d'Projete kënne vun hire respektiven Initiateuren iwwerschafft ginn.

Am September mussen déi definitiv Projeten dann era gereecht ginn.

Op der Areler Strooss entsteet jo op 10 Hektar en neien urbane Quartier, bei deem d'Prioritéit op de Logement gesat gëtt, ma och Geschäfter a Gréngfläche sollen entstoen.

Et soll abordabele Wunnraum sinn, och soziale Logement ass geplangt. Den aktuelle Schäfferot huet iwwerdeems déi fest Intentioun, de Projet net aus der Hand ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO