
Viséiert waren den Zoustand vun den Autosfënsteren an d'Lisibilitéit vun den Nummereschëlder.
Wärend der leschter Woch goufe 799 Kontrolle gemaach, 71 Mol gouf en Avertissement taxé ausgestallt.
Bei 10 Chauffeure war den Zoustand vun den Autosfënsteren net an der Rei, sou dass d'Vue ze staark limitéiert war. Dës gëllt fir déi viischt, hënnescht a säitlech Autosfënsteren. D'Chauffeuren hunn hei misse 74 Euro bezuelen.
An 3 Fäll konnt d'Nummereschëld net richteg gelies ginn, woubäi anscheinend an engem Fall e Chauffeur de Motor héichdréie gelooss huet, obwuel e vun der Police ugehale gouf.
Bei 58 Automobiliste war d'Beliichtung net konform oder defekt.