D‘Energiekris a besonnesch d’Gaspräisser stelle vill Entreprise viru grouss Erausfuerderungen. Besonnesch belaascht si Betriber, déi fir hir Produktioun vill Energie brauchen. Nieft enger Rei Subside fir de private Stot gouf rezent en “Appel à projets” lancéiert, dee Patronen dozou motivéiere sollt, Solarpannoen op hir Diecher ze installéieren, fir ee groussen Deel vum eegene Verbrauch ze decken. 85 Projeten si lo zréckbehale ginn.
85 Projete fir Photovoltaik a 75 Betriber, déi an 18 Méint 46 Megawatt produzéiere sollen. Esou vill ewéi a ganz Lëtzebuerg tëscht 2010 an 2018 u Solarinstallatioune installéiert goufen. Projeten a sëllegen Industriezonen, wéi et se och zu Beetebuerg ginn, goufe bis zu 36% vum Staat matfinanzéiert, erkläert den Energieminister Claude Turmes.
“Et ass flott, well mer hei och Projeten hunn, wou mer bis ewell keng bis wéineg Léisungen haten. Hei si Batterien inclus, fir den eege Stroumverbrauch ze decken. Déi si selektionéiert ginn. An och, wann e Betrib mol en Traffo hat, deen net gutt genuch war, da gouf et Méiglechkeet, esou Problemer mat neie Projeten ze léisen.”
Am Kader vum “Solidaritéitspak 2.0", deen wärend der Tripartite am September 2022 decidéiert gouf, gi an enger éischter Phas 16 Milliounen Euro vum investéiert, duerch déi bei de Betriber nees Budget fräigemaach gëtt, seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot.
“Mat deene 16 Milliounen déi agesat goufen, gi 44 Milliounen un Investitioune bei de Betriber fräigemaach. Mir hunn nach eng Enveloppe vun deem nämmlechte Montant iwwereg an déi wäerte elo an engem neie Concours, deen am Juli soll ulafen, agesat ginn.”
Vun Arcelor Mittal a Guardian bis eriwwer zum Garagist a lokale Bäcker. Eng ganz Rei Betriber hu profitéiert. Och de Bausecteur. Nei technesch Developpementer, méi liicht Material a Panneauen, déi sech dem Ënnergrond upassen, lackelen.
“Mir hunn am Bau ganz vill Flächen: Hale fir d’Atelieren oder de Stockage. Déi sinn disponibel. Déi sinn awer och méi al. Do muss sech den Investment also méi séier rentabiliséieren,” seet de Christophe Thiry vum Conseil pour le Développement Economique de la Construction.
Photovoltaik fir déi eege Consommatioun mat Batterie hëlt weider zou. Bei den Entreprisen ma och an bei de Privatstéit.
Elleng d‘lëscht Joer sinn eng 1.000 Demande fir Subside accordéiert ginn. 800 dovu mat But, den eegene Verbrauch ze couvréieren.