Wéinst Opruff zum Haass750€ Geldstrof wéinst Aussoe géint Flüchtlingskanner

RTL Lëtzebuerg
Am September 2015 hat de Mann ënnert anerem geschriwwen, dass Kanner vu Flüchtlingen eis Kanner schloen a beklaue géifen.

Wéinst Opruff zum Haass gouf e Mann en Dënschdeg am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad zu enger Geldstrof vu 750 € verurteelt. Hie war am Januar 2018 an zweeter Instanz nach zu enger Geldstrof vun 2.000 € condamnéiert ginn.

D'Affär hat missen zréck bei d'zweet Riichter, well d'Cour de Cassation dat 1. Appellsuerteel annuléiert hat, wéinst am Urteel net definéierten Zäitëmstänn.

Am September 2015 hat de Mann ënnert anerem geschriwwen, dass Kanner vu Flüchtlingen eis Kanner schloen a beklaue géifen an a Schoule mat Drogen handelen dierften, wougéint näischt géif gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO