
D'Ofschlossexamen am Secondaire sinn eraus. 78 Prozent vun de Schüler sinn duerchkomm. Dat sinn eng knapp 2.700 jonk Mënschen. 15% hunn een Noexamen, 7% sinn duerchgefall.
Am Classique läit d'Reussite bei 84%, d'Noexame bei 12% an d'Duerchfale bei 4%. Am fréieren Technique sinn 73% duerchkomm, 17% hunn een Noexamen, 10% sinn duerchgefall.
Alt nees sinn d'Meedercher mat 80%-Duerchkomme besser wéi d'Bouwen, déi bei 74% leien.
114 Schüler hunn eng Mentioun „excellent“ mat enger Moyene iwwer 52 Punkten.