
Ronn 79 Milliounen Euro si vun 2024 bis 2030 fir den ëffentlech-rechtleche “Média de service public 100,7" virgesinn. Sou soll de Sender méi Previsibilitéit kréien a sech besser entwéckele kënnen. D’Offer soll och ausgebaut ginn: Méi digital an eng gréisser Online-Presenz.
De Radio 100,7 gëtt et zanter 1993. Et ass den eenzegen ëffentlech-rechtleche Sender am Land. D’Onofhängegkeet, ouni Drock vun Annonceuren, wär wichteg, huet et en Donneschdeg de Moien an der Chamber geheescht.
De Fernand Kartheiser vun der ADR huet déi politesch Neutralitéit vum Radio 100,7 a Fro gestallt. Gewësse Parteie géife méi Zäit op der Antenn kréien. Dat hätt awer och mat der Aktualitéit ze dinn an e Sender kéint fräi decidéieren, wien e géif invitéieren, ass vun aneren Deputéierten an och vum Premier a Medieminister gekontert ginn.