
E Méindeg kuerz viru 17 Auer sinn zu Altwis an der Munnerefer Strooss en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Nieft de Pompjeeë vu Fréiseng an enger Ambulanz vu Réimech war och den Escher SAMU op d'Plaz geschéckt ginn. Zwou Persoune goufe verwonnt.
Géint 18:30 Auer koum et tëscht Nidderkuer an Zowaasch zu engem Accident an dee just een Auto implizéiert war. D'Pompjeeë vu Péiteng an d'Escher Ambulanz waren am Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.