Op eise Stroossen8 Blesséierten um Dënschdeg am fréien Owend

RTL Lëtzebuerg
Vun en Dënschdeg den Owend leien eng Partie Accidenter vir mat am ganzen 8 Blesséierten. Dat mellt den 112.
© RTL-Archiv

An engem Accident géint 17.30 Auer zu Haassel an der Lëtzebuerger Strooss waren zwou Persoune verwonnt ginn. Hei hate sech zwee Ween ze pake krut.

Och zwee Blesséierter gouf et an engem Accident géint 17.20 Auer op der Reilandermillen.

Kuerz no17 Auer waren zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss en Auto an e Moto aneneegerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Och géint 17 Auer waren souwuel zu Housen op der Haaptstrooss an um Briddel an der Lëtzebuerger Strooss allkéiers zwee Autoen net laanschtenee komm. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.

Zu Dummeldeng an der Rue Hein hate géint 18 Auer Hecke gebrannt. D'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

E Mëttwoch de Moien huet et géint 7.30 Auer an engem Appartement zu Manternach gebrannt. Kengem ass eppes geschitt.

Kuerz no 8 Auer krute sech zu Wecker 2 Autoen ze paken. Hei goufen 2 Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO