
Tëscht 22.45 an 1.30 Auer goufen op er RN7 zu Housen 373 Chaufferne ugehal. 8 Mol war d'Resultat positiv. Et gouf een Avertissement taxé, an deenen 7 anere Fäll gouf e Protokoll geschriwwen. 3 Chauffere kruten hire Führerschäin och nach op der Plaz ofgeholl.
Da gouf och zu Hesper (rue d'Itzeg), an der Stad (rue du Fossé) an um Cents (rue de Trèves) kontrolléiert. Do hu 97 Chauffere misste blosen, 10 ënnert hinnen hate méi gedronk wéi erlaabt.
Et goufe 4 Avertissements taxés, 6 Protokoller a 4 Persounen hunn de Permis direkt missten ofginn.
Zu Sandweiler huet dann och missen e Permis agezu ginn, nodeems sech géint 18 Auer 2 Ween an der Réimecher Strooss ze pake kruten.
Géint 2 Auer gouf e Chauffer wéinst ze héijer Vitess an der Areler Strooss zu Capellen kontrolléiert. Hien hat ze vill gedronk an de Schäi war fort.
Zu Bouneweg gouf géint 3 Auer en Auto kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an donieft hat de Chauffer nach e Fuerverbuet. Op Unuerdnung vum Parquet gouf d'Gefier sécher gestallt.
Gedronk hat och en Automobilist, deen um 5.30 Auer an der Monnerecher Strooss zu Suessem ënnerwee war. Och hien huet de Permis missen ofginn.