
36 Automobiliste krute bei der Vitesskontroll vun der Police e Protokoll. D'Chauffeure ware mat Vitessen tëscht 120 an 139 km/h ënnerwee anstatt den erlaabten 90 km/h.
An 8 Fäll huet d'Police de Führerschäin op der Plaz ofgeholl. Hei waren d'Automobiliste mat enger Vitess tëscht 141 an 165 km/h ënnerwee.
An engem Fall war e Chauffeur net nëmmen ze séier ënnerwee, géint hie gouf et och ee Fuerverbuet. De Mann gouf protokolléiert.
Donieft waren deels d'Pabeiere vun de Leit net an der Rei an eng Persoun stoung ënnert dem Afloss vun Drogen. Och si kruten e Protokoll.
13 Beamte vun der Police ware bei der Kontroll am Asaz.