
D'Oplo besteet an engem psychologesche Suivi. Donieft gouf e Verbuet vun 10 Joer gesprach, fir an der Fonction publique ze schaffen. D'Elteren a Geschwëster vun engem Affer, dat sech no de Faiten d'Liewe geholl hat, kruten iwwerdeems zesummen 3.000 € Schuedenersatz zougesprach.
Dem fréieren Attaché à la direction vum Bouneweger Lycée technique war ënnert anerem de Viol vun engem Mannerjärege virgehäit ginn. D'Affer waren zum Zäitpunkt vun de Faiten tëscht 15 a 17 Joer al.
Zu de Faite koum et vun Oktober 2011 bis Oktober 2012 a vun Oktober 2014 bis September 2016. De Vertrieder vum Parquet hat 10 Joer Prisong fir de suspendéierten Enseignant gefrot.
Dass 10 Joer feste Prisong gefrot gi waren an 8 Joer mat Sursis probatoire gesprach goufen, huet de Me Lanoue, Affekot vum Ex-Enseignant, als kloert Signal vun de Riichter an zwou Richtunge verstanen:
„Dans un sens, un signal fort: Le tribunal est allé presque jusqu'aux réquisitions du ministère public sur la durée de la peine. De ce point de vue-là, il y a un message de sévérité, je dirais un véritable avertissement. D'un autre côté, le sursis intégral, effectivement, c'est une chose que nous souhaitions. Je pense que c'était justifié dans cette affaire. Je pense que le tribunal a vraiment entendu et retenu, d'une part, les regrets exprimés par mon client et, d'autre part, a pris en compte les efforts qu'il a témoignés tout au long de cette procédure pour travailler sur lui-même.“
E psychologesche Suivi vu 5 Joer wär och net näischt, mä de Maximum, dee vum Gesetz hier virgesi wär, an e Message, fir net méi an déi Richtung zréck ze verfalen, sou de Me Lanoue. Deen erkläert huet, dass säi Client d'Méiglechkeet hätt misse mat arechnen, net méi am ëffentlechen Déngscht schaffen ze däerfen. Woubäi ze kucke wär, ob eppes dogéint sollt ënnerholl ginn. Beim Schuedenersatz da wären d'Riichter raisonnabel bliwwen:
„Le tribunal a constaté qu'il y avait, effectivement, des faits parce qu'une ligne a été franchie qui n'aurait pas dû l'être, mais néanmoins que le dommage réel subi ne pouvait pas être, je dirais, artificiellement augmenté!“
Bleift elo ofzewaarden, ob de Parquet net eventuell Appell géint dat Urteel mécht.