
Hei goufe geziilt Camione kontrolléiert, déi a Richtung Däitschland deen Dag ënnerwee waren. Am Kader vum Transitverbuet dierfe Camionen op Sonndeger a Feierdeeg jo net an Däitschland d’Grenz passéieren.
Bei den zwou Kontrollen un de Grenze mat der Belsch (Sterpenech) a mat Frankräich (Zoufftgen) goufen am ganzen 81 Verstéiss festgestallt. D’Chauffeure vu Camione goufe mat engem Protokoll verwarnt.