
83 Prozent vun de Krankheeten hei am Land si chronesch Problemer. Am heefegsten ass Kriibs mat 20 Prozent, duerno komme kardiovaskulär Krankheeten, Problemer mam Beweegungsapparat, mental Krankheeten, neurologesch Problemer oder Diabetes. Bal ee Véierel vun der Populatioun iwwer 16 Joer huet mat op d’mannst mat engem vun dëse chronesche Gesondheetsproblemer ze kämpfen an dobäi kann a muss een och eppes dogéint gemaach ginn. Dat geet aus dem Rapport “gesond Gesellschaft duerch Präventioun” ervir, deen den nationale Gesondheetsobservatoire elo virgestallt huet.
Et dierft fir sou munch een keng Iwwerraschung sinn. Fëmmen, reegelméisseg ze vill Alkohol drénken, eng schlecht Ernierung an net genuch Beweegung, dat ass déi perfekt Mëschung, fir net gesond duerch d’Liewen ze kommen. Déi véier Facteure ginn am Rapport kloer identifizéiert. Deemno ass ganz genee gewosst, wat déi grouss Risike sinn an awer di mer eis als Gesellschaft schwéier eppes dorunner ze änneren. D’Tanja Ducomble, Epidémiologin am nationale Gesondheetsobservatoire explizéiert firwat.
“Mir dinn eis esou schwéier domadder, well mer eis an der Gesellschaft et einfach zu enger Norm gemaach hunn, ganz vill ze sëtzen, ganz vill fäerdeg Produiten z iessen, Fëmmen, Alkoholkonsum ass jo absolutt eng sozial Norm hei zu Lëtzebuerg an dofir ass et einfach ganz schwéier do eraus ze kommen. An dofir komme mer zréck op déi Interventiounen, déi um Niveau vun der Populatioun sinn an déi kann een Ëmfeld schafen, wou d’sozial Norm ëmgeännert gëtt. An do ka mer alleguerte matmaachen.”
Méi gesond liewe soll also net just d’Aufgab vu jiddwer eenzele sinn, mä et geet drëm der Gesellschaft en Ëmfeld ze bidden, andeem se méi gesond Decisioune kann huelen. Wann een do zum Beispill d’Fëmmen hëlt, kéinten déi chronesch Krankheete bannent verhältnisméisseg kuerzer Zäit zeréck goen, wann d’Zigaretten e gutt Stéck méi deier géife ginn.
“Mir hunn dat modelléiert mat lëtzebuergeschen Daten, wéi séier een Effekt vun enger Erhéijung vum Tubakpräis, dee konsequent wier awer iwwer e puer Joer kënnt sinn. An do gesäit een, an eisem Rapport, hu mer dat ganz kloer gewisen, datt ee scho bannent fënnef Joer eng Reduktioun vun de chronesche Krankheeten, notamment de cardiovasculairen an de chronesch respiratoresche Krankheete gesäit. Ausserhalb vun de fënnef Joer, wat ee méi laang waart, wat natierlech och ee Benefice ze gesinn ass am Cancer an an anere Krankheeten.”
Dat selwecht gëllt fir den Alkohol, ënnersträicht d’Tanja Ducomble. Gesond iessen a ass och nach laang net fir jidderee selbstverständlech. Ee vu siwe seet e géif all Dag 5 Portioune Geméis an Uebst iessen a wat d’Beweegung ugeet, gesäit et och alles anescht wéi optimal aus.
Eng Etüd, déi 2022 bei Kanner a Jonken tëschent 11 an 18 Joer gemaach, gouf huet erginn, datt ee vu sechs déi Woch virun der Etüd de Minimum gemaach huet, wat recommandéiert gëtt. Dat ass kee Marathon, fir Erwuessener ginn 150 Minutte Sport d’Woch recommandéiert, wann et méi eng intensiv Ustrengung ass oder bis zu 300 Minutten, wann een och méi moderat Aktivitéite matzielt, wéi zum Beispill d’Aarbecht am Gaart. Op alle Fall ënnersträicht den nationale Gesondheetsobservatoire, datt Preventioun bei chronesche Krankheeten extrem wichteg ass, well d’Gesellschaft soss ëmmer méi krank gëtt.
“Fir Lëtzebuerg ass eng Populatiounscroissance projezéiert bis 2050 vun engem Drëttel an déi ass virun allem pousséiert, well mer alleguerte méi al ginn. Wa mer elo well ganz jonk ufänke chronesch Krankheeten ze kréien a wa mer dat net rëm rappen, da gi mer alleguerte krank al. An et ass net ganz flott fir eis Gesellschaft an et huet och ganz vill Käschten.”
Iwweregens bleift et seele bei engem chronesche Gesondheetsproblem. Am Rapport heescht et, datt d’Hallschent vun de Leit, déi méi wéi 45 Joer hunn a chronesch krank sinn, e puer där Krankheeten hunn.