FindelDen zweeten Embraer E195-E2 fir d'Luxair ass um Samschdeg de Mëtteg ukomm

RTL Lëtzebuerg
D'Luxair erneiert jo hir Flott mat der Aféierung vum Fliger Embraer E195‑E2.
© Raymond Michaux

Déi éischt Maschinn gouf Enn 2025 geliwwert an de reguläre Fluchbetrib huet Ufank 2026 ugefaangen.

Dës nei Fligere solle méi roueg an méi ëmweltfrëndlech sinn, well si ronn 25 % manner Emissioune verursaachen.

© Raymond Michaux

De Fliger ass um Freideg zu Sao José dos Campos a Brasilien lassgeflunn, mat engem Tëschestopp zu Recife op Las Palmas (Gran Canaria). E Samschdeg an der Mëttesstonn ass et du vu Las Palmas op Lëtzebuerg gaangen, wou de Fliger ëm genee 17.10 Auer gelant ass.

Hei e Reportage aus dem September 2025 iwwer déi nei Embraeren:

Éischte vun neie Luxair-Fligere kënnt Enn des Joers un
Den éischte vun der Luxair hire 16 neien Embraer Fligere wäert bis Enn des Joers zu Lëtzebuerg ukommen a soll Ufank 2026 an de reguläre Betrib goen.

Back to Top
CIM LOGO