Dëse Weekend ass BretzelsonndegWat stécht hannert dem Brauch vum Bretzel-Verschenken?

David Winter
E Mann schenkt enger Fra, un där hien interesséiert ass, eng séiss Bretzel an erhofft sech en Ee aus Schockela zeréck. Déi al Lëtzebuerger Traditioun ass mat Vältesdag e wichtege Rendez-vous fir all déi Verléiften am Land.
© Ketty a Rom Hankes / RTL

Bretzelsonndeg, deen ëmmer op de 4. Sonndeg an der Faaschtenzäit fält, ass eng Lëtzebuerger Traditiounen, déi sech iwwert d’Zäit wacker gehalen huet. Et schéngt jidderengem e Begrëff ze sinn an d’Bäckereien hunn d’Woch viru Bretzelsonndeg d’Vitrinne voll leien. D’Geschäft mat der séisser Bretzel rullt. Et ass e Festdag, änlech wéi Vältesdag, deen hautdesdaags Wäerter wéi Léift, Sympathie a Verbonnenheet zesummebréngt.

D’Form léisst dann och schonn do drop schléissen. D’Bretzel steet nämlech symbolesch fir Zesummenhalt an Verbonnenheet: Déi an enee geschraufte Form kann als Zeeche vun Zäertlechkeet interpretéiert ginn. Fréier goufen d’Bretzele souguer mat Marzipan, Blummen aus Zocker oder klenge Gedichter dekoréiert.

Bretzelsonndeg
Wat stécht hannert dem Brauch vum Bretzel-Verschenken?

Ouschteree oder Bretzel: Wee kritt elo wat a wéini?

Traditionell ass et sou, dass Männer op Bretzelsonndeg der Fra eng grouss, séiss an dekoréiert Bretzel schenken, meeschtens aus Bliederdeeg, Zockerglasur a Mandelen. D’Variatiounen hunn awer mat der Zäit bäigeholl, de Choix beim Bäcker fält warscheinlech deem eng oder anere Client schwéier.

Fraen am Géigenzuch revanchéiere sech dann op Ouschtersonndeg mat engem Ee aus Schockela, dat de Mann kritt, dëst natierlech just, wann eng Fra och interesséiert un der Persoun ass.

Ass d’Fra allerdéngs net drun interesséiert, kritt de Mann just en eidele Kuerf zeréck, wouhier och d’Spréchwuert “de Kuerf kréien” hierkënnt. All véier Joer, also an engem sougenannte Schaltjoer, ass et dann awer un de Männer dat ze decidéieren, well da kafen d’Fraen d’Bretzel, d’Männer ginn dann e gefëllten, oder och mol en eidele Kuerf zeréck. De nächste Kéier wou d’Rolle getosch ginn ass am Joer 2028.

Et muss een awer heivir selbstverständlech net onbedéngt an enger Koppel sinn, respektiv kënne sech och Koppelen tëscht zwou Fraen oder zwee Männer eng Bretzel schenken. Bei dësem Brauch geet et einfach drëms, dass een enger anerer Persoun, mat där ee frou ass, e léiwe Gest mécht.

Eise Sprooch-Expert, den Alain Atten, huet zu dëser aler Lëtzebuerger Traditioun natierlech och nach déi eng oder aner Saach ze soen, lauschtert hei eran!

D’Traditioun vum Bretzelsonndeg - Vum Alain Atten

D’Haaptbretzelsmäert waren zu Lëtzebuerg iwwregens ëmmer traditionell zu Réimech, Gréiwemaacher, Waasserbëlleg oder och nach zu Iechternach.

Wéi mécht een eng Bretzel?

Hei drënner fannt dir déi genee Oplëschtung vum Rezept fir de Basis-Deeg vun enger Bretzel. Am Video backt d’Anne aus Anne’s Kitchen an engem Video fir RTL Today eng Bretzel a weist déi eenzel Schrëtt am Detail, sou dass och doheem am Backuewen déi séiss Leckerei geléngt.

© RTL
Bretzel
Bei Anne’s Kitchen gouf an enger Emissioun fir RTL Today erkläert a gewisen, wéi een eng Bretzel zoubereet.

Back to Top
CIM LOGO