
Géint 2 Auer e Sonndegmoie gouf d’Police wéinst engem Sträit an engem Appartementshaus zu Esch-Uelzecht alarméiert. Op der Plaz hunn d’Beamten e Mann an eng Fra ugetraff. D’Fra huet sech géigeniwwer de Beamte ganz onkooperativ gewisen. Si huet se menacéiert a beleidegt an huet e puer Mol versicht, se ewech ze stoussen. Well d’Fra sichtlech alkoholiséiert war, hunn d’Beamten decidéiert, si an den Arrest ze placéieren. Wärend d’Polizisten dat gemaach hunn, huet d’Fra dann op si gespaut.
Et gouf e Rapport iwwert den Tëschefall geschriwwen an et gouf eng Plainte wéinst Rebellioun gemaach.
Iwwerdeems gouf d’Police an der Nuecht op e Sonndeg ronn 20 Mol wéinst verschiddene Streidereie geruff. Bei engem hallwen Dosen dovun huet et sech ëm Familljesträit gehandelt. An engem Fall gouf eng Persoun op Uerder vum Parquet vun der Plaz verwisen.
Schliisslech krut d’Police an der Nuecht eng zéng Kläppereie gemellt. Esou ënner anerem zu Diddeleng. Hei hate sech virun engem Café ronn eng Dose Persounen an d’Hoer kritt, dobäi wieren och Fläschen a Glieser geflunn. Wéi d’Beamten op der Plaz ukomm sinn, war d’Kläpperei allerdéngs schonn eriwwer. Eng Sich no de bedeelegte Persounen ass negativ verlaf.