Police85 Mol gouf sech bei Asbl'en net un d'RBE-Gesetz gehalen

RTL Lëtzebuerg
Den ekonomeschen a finanztechneschen Departement vun der Police huet an deem Kader tëscht Abrëll a Juli 2023 Kontrollen duerchgefouert.

85 Kierperschafte solle sech der Police no net un d’Gesetz gehalen hunn, well se sech net am gesetzlechen Delai bei der RBE (Registre des bénéficiaires effectifs) ageschriwwen hunn.
Dobäi kommen eng ganz Partie un Onreegelméissegkeeten bei der RBE-Registréierung, alles Dossieren, déi elo beim Parquet traitéiert ginn. D’Ermëttlunge lafen an d’Resultater géifen dem Parquet matgedeelt ginn.

Zënter entretemps 4 Joer gëtt et de Registre des Bénéficiaires Effectifs. All Entitéit, déi beim RBE ageschriwwen ass, muss do eng Rei Informatiounen uginn. An deenen 3 Joer gouf dës nei Obligatioun vun den zoustännegen Autoritéiten e puer Mol rappelléiert. Ënner anerem si jo och Asble betraff.

Verstéiss géint d’RBE-Gesetz kënne mat Geldstrofe sanktionéiert ginn, déi vun 1.250 Euro bis 1.250.000 Euro goe kënnen. Entitéiten, déi net un hirem agedroene Sëtz, respektiv hirer Adress ze fanne sinn, riskéiere souguer liquidéiert ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO